DescriptionJean Hamilius, «Kollaboratioun vun der Lëtzebuerger Verwaltungskommissioun»-109.jpg
Lëtzebuergesch: Am Kader vun der Wanderausstellung «Between Shade and Darkness. Le sort des Juifs du Luxembourg de 1940 à 1945», hat d'Gemeng Reckeng op der Mess, zesumme mat der asbl MemoShoah Lëtzebuerg, fir den 31. Mäerz 2015 op en Debat iwwer de Rapport vum Historiker Vincent Artuso zu der «Kollaboratioun vun der Lëtzebuerger Verwaltungskommissioun mat Nazi-Däitschland», invitéiert. Mam Vincent Artuso hunn diskutéiert de fréiere Minister an Auteur vum Buch Luxemburg im Wandel der Zeiten, Erinnerungen (1927-2014), Jean Hamilius, als Zäitzeien, an den Henri Juda, President vu MemoShoah Lëtzebuerg. D'Danielle Schumacher, Journalistin beim Lëtzebuerger Wort, huet d'Diskussioun moderéiert.
De Jean Hamilius betount, datt hie säi Buch als Reaktioun op en Artikel am Land vum 11. November 2011 geschriwwen huet. Hie war entsat iwwer dat wat hien do huet misse liesen a wollt seng Erënnerungen un d'Zäit vun der Occupatioun dogéint setzen. Den Artikel am Land hat d'Iwwerschrëft Dépasser le mythe national a war vum Vincent Artuso.
to share – to copy, distribute and transmit the work
to remix – to adapt the work
Under the following conditions:
attribution – You must give appropriate credit, provide a link to the license, and indicate if changes were made. You may do so in any reasonable manner, but not in any way that suggests the licensor endorses you or your use.
share alike – If you remix, transform, or build upon the material, you must distribute your contributions under the same or compatible license as the original.